Championnats Cyclocross zu Zéisseng

D’National Championnater vum Cyclocross 2014 waren e Succès fir eise Verain. Op engem Circuit deen net einfach ze fueren war, mat vill Bulli durch deen Reen vun de leschten Deeg hunn sech eis Coureuren excellent geschloen. Hei e klenge Résumé :

Podium Felix

Felix Schreiber Champion Cyclocross 2014

Bei den Débutanten ass de Felix Schreiber Champion ginn. Nodem hien op op der Stroos bei de Cadets e Meschtertitel an der Täsch huet, huet hien zu Zësseng eng zweete Keier zougeschloen! Direkt vum Depart un konnt hien sech zesummen mat 3 aaner Fuerer vun Dippech oofsetzen déi d‘Course an Hand geholl hunn. Nodeem hien e beschen distanzéiert ginn ass, ass hien awer erem komm, an konnt een no dem aaneren vun sengen Adversären eliminéieren. Am leschten Tour och séin direkte Konkurrent den Tristan Parrotta vun Dippech op e puer Meter distanzéieren. Féliciatoun un de Felix. Hien därf elo den Nationaltrikot déi ganz nächste Saison droen. An der Course vun den Débutanten, konnten sech de Gilles Roulling eng gutt 12 Plaatz erausfueren. Eng gutt Performance vum Philippe Leclerc deen déi 17 Plaatz kritt huet. Den Ben Franck ass 18 ginn an de Maurice Thill den 22. vun 25 Konkurrenten um Start.

Bei de Junioren waren 2 Coureuren aus dem Préizerdaul um Start. De Larry Valvasori huet eng gut Course gemaach, woubei hien e ganz schlechte Start haat. Hien ass de 6. ginn. De Joe Wirtz huet eng ganz konstant Course gefuer an ass op d’Plaatz 10 komm vun 19 Starter. Hei ass de Championstitel un de Ken Muller vun LG Alzëng gaangen .

Bei der Elite an Espoir’s Course waren mir mat 4 Coureuren vertrueden, nodems den Lex Reichling Forfait huet missen durch eng Knéiblessure erklären. Dass mir hei mat engem Championstitel net gerechent hun war evident, well den Christan Helmig bei der Elite an den Massimo Morabito bei den Espoiren waren d’Favoriten, an hunn och den Championstitel geholl. Eng super Performance bei den Espoirs, als Vize-Champion, huet de Luc Turchi gemaach. Hien huet et färdech bruecht fir d’Pace vum Tom Flammang (2. Bei der Elite) iwert ganz Course ze haalen an den Scott Thiltges vun Alzeng op Dizanz zehaalen. De Luc ass 4. vun der Course an 2. Espoirs ginn. Super. Feliciatioun Luc ! Den Alec Lang ass 5. Espoirs (9. An der Course) ginn an huet ebenfalls seng gutt Form ënnerstrach déi hien aus deen leschte Crossen bewissen huet. De Sven Fritsch ass 6. Espoirs ginn (14. An der Course). Bei der Elite ass de Mike Diener op déi 17. Plaatz komm. Hien haat Pech an huet durch e Platten vill Zäit verluer.

Als Fazit, huet den Tooltime Préizerdaul op dësen Nationalen Meeschterschaften iwwerzeegt, an huet erem positif vun sech an der Presse schwätzen gedoen. Feliciatioun un eise Champion de Felix bei den Débutanten , an de Vize-Championat Luc bei den Espoirs. E grousse Merci un den Tom an de Guy déi iwer déi ganz Cross-Saison d’Jongen trainert hunn.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.