Criterium Européen des Jeunes
Mat enger Equipe war den VV Tooltime dës Joer um Criterium Internationale des Jeunes, eng Etappe Course vun 3 Deeg fir Débutanten, vertrueden.
3 Etappen waren ze fueren (Alzeng, Houschtert, Walferdange). D’Strecken waren vill méi schweier wéi nach d’Editioun vun 2013. Sou waren op der 2 Etappe 9X den Houschterter (!) an 9X de aalen Senningerbierg (!) ze fueren an op der Etappe vum Walfer waren 6 X d’Biergerkréiz (!) um Programm. Virwaat hunn d’Organisatoren de Critérium des Joer esou schwéier gemach? Dofir war et och net einfach, net nömmen vir eis Coureuren, vir am Zéitlimit vun 5 Minuten ze bleiwen an esou am Classement Général ze sinn. Et ass awer dem Felix Schreiber gelongen daat färdeg ze brëngen. Op der eischter Etppe war hien am Peloton, op der 2.Etappe an engem leschtem guddem Gruppe, an op der 3. Etappe konnt hien seng Plaatz an engem 2. Group festegen an esou den 63 am Classement Général ginn vun am ganzen just 68 klasséieren (vun 180 Starter). De Gilles Roulling ass op der leschter Etappe besser an den Tratt komm an konnt sech och an engem 2. Groupe festsetzen a klasséieren . Op der 1. an 2. Etappe ass et him, wéi och dem Sam Pryckaerts, Maurice Thill an Philippe Leclerc Loft ausgangen an konnten Pace net mathalen. Si sin net ënner der Zéitlimit bliwwen an sinn dun op halwer Distanz aus der Course geholl ginn, konnten awer op der nächster Etappe erem un de Start goen.
Info’en a Resultaer um op Site vum Criterium
Fir eis Debütanten war des Course eng gudd a grouss Erfahrung.