G-Skin Arden-Challenge

Hei e kurzen Bericht iwert d’Etappen Kurs Elites-Espoirs ‘G-Skin Arden-Challenge‘ dei an der Prov de luxbg. (Belg) vum 16. bis den 19. Abrell gefuer gouf.

Den VVT Preizerdaul war do mat den Coureuren: Valvasori Larry; Batista Mendes Cristiano; Diener Mike; Lang Elec an Claerbout David bedellegt. Als 6. Coureur hatte mir den Jérôme EWEN vum Velo Woltz derbai.

Et waren all Daag techent 130 an 140 km ze fueren an all Daag waren em die 250 Coureuren um Start. Et konnt en un enzelen Etappen Deel huelen, koum dann awer net an Generalklassement.

1 Etappe zu CHINY : (de Mike Diener war do net um Depart) No halwer Kurs lungen 21 Coureuren an der Echappé an ennert hinnen war och eisen Coureur Alec LANG. Bei Km 100 huet den Alec awer missten lass lossen an as vum Peloton ageholl gin. Den Alec huet dun awer Kurs verloss.
Bei deser Etappe sin den Larry, den Crisitiano an den Jérôme EWEN am Haaptpeloton ukomm. Den David huet wei den Alec no 100 Km obgin.

2 Etappe zu EREZEE (do war den David net um Start) . Bei deser Etappe waren den Mike an den Cristiano an enger Chute verweckelt, wou dem Cristiano seng Schaltung gebrach as. Den Larry hat bei deser Etappe och Pech, seng Ketten war techent dem Kader an dem Kettenblaat blockeiert an het huet dobei den Velo missten wieselen. Desen Zechefall war kurz noc der Chute vum Cristiano geschitt, sou dat sie zu 2 zesummen zreck an den Peloton gefuer sin. Zreck am Peloton huet dem Cristiano seng Schaltung awer komplett gestreickt an hen huet obgin. Dem Mike as 15 Km virun der Arrivée eng Spechel am vichten Raad gebrach an he konnt net mei am Peloton bleiwen an huet och obgin.
Klasseiert goufen den Larry am Peloton an den Jérôme kurz hannert dem Haaptfeld. Den Alec huet no senger Ustrengung vum 1. Daag no 100 km obgin.

3. Etappe zu COMPOGNE (hei waren se all 6 derbai)
Ukomm sin an deser schweier Etappe: Larry; Cristiano an Jérôme.

4. Etappe zu BERTRIX ( hei waren den Larry, Cristiano, Mike an Jérôme um Start)
Ech selwer hun bis elo nach keng esou schweier Kurs erliewt wei des Etappe.
De Mike gouf beim 2. Bierg mat 150 weideren Coureuren ofgehangen an nodems sie 2′ Reckstand ob den Haaptpeloton hatten sin sie aus der Cours geholl gin.
120 Coureuren sin zesummen ukomm, an do hun sech den Larry als 62. den Cristiano als 75. an den Jérôme als 82. klasseiert.

Am Gesamtklassement figureieren nemmen 47 Coureuren an hei huet den Larry sech als 43. an den Jérôme als 47. klasseiert.

Et waren nach weider letzebuerg Coureuren bei verschieden Etappen um Start, awer kee vun hinnen huet eng Arrivée gesin.
Fir eis Coureuren war eng excellent Virberedung fir Flèche du Sud dei den 13. Mai ufängt.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.