Flèche du Sud 2015

De VVT Preizerdaul huet dest Joer bei der Flèche du Sud sou wie dat lescht Joer Klassement vun der beschter net Kontinental Mannschaft gewonnen. FdS war 2015 durch sein Streckenprofil bei weitem mei schweier wie dat vergangen Joer. Trotzdem huet den VVT Preizerdaul des Velos-Kurs mat 4 Coureuren konnten zu Enn fueren. Den Larry VALVASORI , den Mike DIENER, den Cristiano MENDES BATISTA an den Jérôme EWEN hun all eng gudd Leschtung bruet. De Mike, Jérôme an den Cristiano hun den Larry, den stänneg mat dem gleichen Reckstand wie den Tom THILL vum CC Differdeng am Klassement lung, bei all Etapp ennerstetzt fir dat hen als 2. beschten Letzeburger konnt zu Esch iwert Ziel fueren. Bei der leschter Etapp huet den Larry 40 Km virun Schluss missen den Velo wieselen. Seng elektronesch Schaltung war offgebrach. Den Mike an den Jérôme, die zu dem Zeitpunkt mam Larry nach excellent am Peloton matfueren konnten, hun ob den Larry gewart fir hien zreck an den Peloton ze brengen. Hei bei hun den Mike an den Larry nun awer leider sou vill Kraft obbrengen mussen, dat sie selwer et net mei selwer zreck an den Peloton konnten kommen. Dest huet dem VVT dann awer leider die 3. Platz am Klassement vun den beschten FSCL Coureuren kascht. Den Jérôme EWEN an den Mike DIENER die bei Départ vun der leschter Etapp ob den Platzen 3 an 4 lungen, konnten et nun net vermeiden dat den Tim Diederich vum LCK sech am Generalklassement virun sie 2 klasseiert. Den Crisitiano, den gesondheetlech net an der Reih war, huet leider schon missen nom Col de l’Europe den Peloton zeien lossen, ass awer nach mat vill Courage ob Arrivée komm.

Generalklassement vun den VVT –Coureuren :  34. Larry VALVASORI ob 1′ 56“ , 99. Cristiano MENDES BATISTA ob 56′ 55“ , 100. Jérôme EWEN ob 58’05“ , 101. Mike DIENER ob 1 H 00’02“ Den Alec LANG hat leider weinst gesondheetlechen Problemer missen bei der 2. Etapp obgin.

Zu Esch gouf den Larry mam Preis vum ‚Super Combâtif‘ geeiert, an Equipe vum VVT als beschten FSCL non-continentale Equipe geeiert.

E groussen Merci un Claudine an den Toni TURCHI an un hier 2 Meedecher dei Equipe die 5 Deeg beschtens mat hieren Kackkonschten bedingt hun. >> Merci, den VVT hat mat secherheet dat beschten Hôtel Wieder e grousse Merci un den Patrick PLIER, den Armand VALVASORI an seng Frâ, un dem Alec LANG seng Mamm, und den Kiné Pascal JODOCY, un den Mecanicien Willy LECARTE un den Tom STEICHEN an un Famill vum Jérôme EWEN fir die excellent Hellef während der FdS 2015. Och e grousse Merci un Gemeng Preizerdaul dat mir konnten vun der Fabreck profteieren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.