1er GP Bob Jungels

Dëse Sonndeg waren Junioren als Equipe um „1er GP Bob Jungels“ angeschriwwen. Dest ass eng UCI-Course vir Junioren wou 25 Equipe ageschriwwen waren mat 137 Coureuren um Start. Ze fueren waren um Circuit (Dippech-Duelem-Garnech-Holzen-Dippech 12 Ronnen / 130km) Dass daat fir eis Equipe eng schweier Sach géif gin, war eis bewosst. Eis Jongen hun sech gutt aus der Affair gezunn an, an mam Felix a James haate mir um Enn 2 Coureuren am Général behalen.

Juniors - 1er GP Bob Jungels

Tooltime Juniors – 1er GP Bob Jungels

Bei just 5 Grad an no engem ganz schnelle Start, war de ganze Peloton an der eischte Ronn bis Holzem ganz onrueg, an et waren och en rei Chuten. Eng eischt Echappé konnt sech dovun machen, an de Sam Prickaerts huet missten als eischten vun Tooltime an der Montée vun Holzem lassloosen. Den Tempo war ëmmer schnell an, an er 3. Ronn huet de Philipp Leclerc  de Uschloss kuerz verluer an hong an der Loft virun Duelem. Hien huet awer durch Kolonne vun den Auto’en de Unschloss kurz virun Holzem gemach, mee vill kraft verluer an an der Montée de Kontakt zum Peloton verluer. Um Enn vun der 7. Ronn konnt de Kevin Disteldorff an de Maurice Thill och den Tempo vum Peloten an der Monté net halen. Hei ass de ganze Peloton an puer Stecker gefuer. Leider konnten sie net matt den Auto’en erem zesumme kommen, well Komissären Teamautoen net méi opschleisse geloos hun. Zesummen mat engem klenge Grupp hun sie nach alles probéierert, mée sin awer an der 9. Ronn erausgeholl gin. De James Bindels huet an der 10 Ronn lassgeloos. Och hien huet probéiert durch Autokolonne den Uschloss zefannen, mée de Peloton war ze seier an huet do d’Echappé eremkritt. De James ass awer enner der Karenzzäit bliwwen an ass klasséiert gin (98.). De Felix Schreiber huet sech iwer déi ganz Course am Peloton verstoppt. Hien huet et ferdeg bruecht fir iwer déi ganze Course um Enn vum Peloton ze bleiwen, mée huet leider missten an der leschter Ronn de Peloton zéien loosen. Mat engem Gruppe ass hien mat engem klenge Retard vun 4Min den 94. gin.

Fir baal all eis Coureuren waren et hie eischte Course vun der Saison an eng gut Erfahrung vir op dem Niveau ze fueren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.