Luc Turchi Vize-Champion bei de Juniors

Luc Turchi - VizeChampion bei den Nationalen Meeschterschaften zu Dippach 2013 hannert dem Tom Wirtgen

Luc Turchi – VizeChampion bei den Nationalen Meeschterschaften zu Dippach 2013 hannert dem Tom Wirtgen

Eng fantastesch 2. Plaatz fir de Luc Turchi op de Nationale Meesterschaften zu Dippach. Op enger schneller Course, déi vun Ufang voll gefuer ginn ass, ass de Luc zesummen mam Tom Wirtgen (UC Dippach) op der eischter Ronn an enger Echappée déi Sekonnen fir Sekonnen méi grouss ginn ass. An der direkter Verfolgung waren vun der 2. Ronn un just nach 3 Leit (David Klein, Ken Müller an Larry Valvasori). An der 5. Ronn huet den David Klein probeiert sech eleng op Verfolgung vum Luc an vum Tom ze machen, waat awer bis op Arrivé net duer gaangen ass. An der leschter Ronn war dun d’Attack vum Tom Wirtgen esou stark dass de Luc déi 6 Sekonnen bis op d’Arrivée net mei zou kritt huet an zefridden eng 2ten Plaatz kritt huet. Gewëener war den Tom Wirtgen an déi 3. Plaatz ass un den David Klein gaangen. De Larry Valvasori huet eng gut 5. Paatz gemach. De Yann Buijk huet sech op der Plaatz 17 klasséiert, an de Joe Wirtz ass den 19. ginn.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.