Championnats Nationaux – e klenge Bilan

2 nei Championen an 2 Sëlwermedailen !

Félicitatiounen ginn un déi aal a nei Championne  Laurence Thill  ( Junior Dames )  an un dee neien Champion Felix Schreiber ( Cadet )

An der Kurs vun den DAMES hunn sech d’Elite relativ séier ofgesat sou dass et bei den Dammen eng Entscheedung op der Linn gouff, wou sech Laurence konnt durchsetzen. Gratulatioun un d’Laurence, dat mer nëmme nach am roud wäiss bloen Triko kënnen J

Julie Schreiber ass hei op déi ondankbar 4te Plaz komm. Weider esou Julie an da stees du och gläich erem um Podium.

An der Course vun de CADETS war de Paak bis an den 2 Tour nach zesummen. Et ass direkt vun Ufang un schnell gefuer ginn, bis den Felix am 2ten Tour fonnt huet et giff elo duer goen an am Holzener Bierg attackéiert huet wou dann den Pak komplett auserneegefall ass. Duerno huet en sech awer missten am Sprint durchsetzen. Op der Linn wosst am Ufang kee richteg ween elo gewonnen huet. Nom Fotofinish war et dunn awer kloer, den Felix ass neie Champion. Dëst ass dann deen éischten richtegen Dauler deen een Trikot gewënnt op der Strooss. Gratulatioun et affaire à suivre.

Bei den Cadets waren awer och nach Mara Turchi an den Leclerc Philippe um Départ. Allen zwee hunn eng gutt Leeschtung gewisen.

Dann haate mer och nach 2 ganz gutt Resultater vum Mike Diener . Podium an 2te Plaz am CLM bei den ESPOIRS. Woubäi ee muss bemierken dass deen Eischten, kee manner war wéi den Alex Kirsch vun Leopard Trek déi kënnen ënnert professionellen Konditiounen träinéieren an da nach nëmmen 17 Sekonnen déi 2 getrennt hunn. De Sonndeg dunn huet den Mike erem matt enger genialer Leeschtung opmierksam gemaach. Hien ass bis praktësch zum Schluss am Pak gewiégt matt den Profien zesummen wou en awer iergendwann huet missen lass loossen. Schon an der 3 Ronn haaten d’Profien vun Leopard den Tempo eropgesat sou dass hannendrunn den Pak vu Ronn zu Ronn ëmmer méi kleng ginn ass. Eis 2 Coureuren Sven Fritsch ( aktuell CCI Differdange continental ) an den Mike Diener konnten awer matt deene Beschte matthaalen an hunn den Podium just verfeelt. Fritsch Sven ass 4ten an den Diener Mike ass op eng super 5te Plaz bei den Espoire komm. Hei muss ee soen dass schon 9 Profien um Départ waren an vun 63 Coureuren, nëmen 21 ukomm sinn ! Super Leeschtung Mike an Sven …

Bei der ELITES, den Marc Silverio, Laurent Reichling, Marc Olinger an Mike Rohmer och all Respekt un Sie, déi bei esou enger staarker Konkurrenz esou laang mattgehaalen hunn. Sie hun leider  missen am leschten Drëttel vun der Kurs ophaalen.

Dann huet bei de JUNIOREN awer och den Luc Turchi , mee dëss Kéier op der Strooss ee Podium gemaach. Scho no senger gudder Leeschtung am CLM Donneschdegs, wou en awer leider déi 4ten Plaz gemaach huet an domadder deen éischten Verléierer um Podium ass, wollt hien sech dat awer net bidde loossen.

Nodeem den Joé Wirtz direkt vum Start un attackéiert huet ass et vun Ufang un direkt matt engem immens héigen Tempo lassgaangen. De Luc ass direkt ënnen am Holzener matt voller Vitesse an den Bierg gaangen. Hei konnt just nach een mattgoen an zwar dee spéidere Gewënner Tom Wirtgen. Den David Klein ebenfalls UC Dippach hat hei den Anschluss verpasst. Hannendrunner huet sech nach ee Grupp aus 2 Dippecher gebild an dem Larry Valvasory. Den Larry hat hei schlecht Kaarten am Grapp a konnt an deem Grupp keng Aarbecht iwwerhuelen, well e soss deenen Dippecher gehollëf hät fir op den Luc opzefueren. Iergendwann an der 3 Ronn huet den David Klein dunn probéiert fir an den éischte Grupp ze fueren mee huet awer am Bierg iwwerdréit an sou sech freckt gemaach. Well immens vill Loft war krut hien dat Lach nie zougefuer. Sou ass et dann an de leschten Tour gaangen wou den Tom Wirtgen dann virum Bierg op der Rieschter attackéiert huet an ee kleng Virsprong hat am biergop. Den Luc, deen dat Lach un 8 Sekonnen op de Gewënner Tom Wirtgen awer net méi zougefuer krut huet ,ass awer matt senger 2 Plaz voll a ganz zefridden.

Gratulatioun och dem Luc fir seng super Leeschtung.

Dem Larry Valvasory awer och ee grousse Respekt fir seng Leeschtung an säin Equipegeescht. Larry huet och beim CLM eng ganz gutt 6te Plaz gemaach!!  Dem Yann Buijk  an dem Joé Wirtz een decke Merci fir är Equipenaarbecht an är Leeschtung.

Bei de MINIMES waren den Tom Hermes an den Philippe Reuter um Départ. De Philippe huet et ferdeg bruecht fir am geschlossene Pelloton an de Sprint ze goen. Hien ass zeitgleich mat dem Gewënner den 13. ginn. Den Tom war kurz hannendrunn an ass gudden 24. ginn. Weider esou !

Bei den DEBUTANTS ware mir matt Maxime Weyrich; Gilles Roulling; Sam Prickaerts an Maurice Thill um Départ, mee haaten awer näischt mam Ausgang vun der Kurs ze dinn. Si all hunn sech gutt geschloen. Eis Coureuren sinn och hei all 1 Joër méi jonk a brauche nach Erfahrung. Mee déi kënnt matt der Zäit !

Da ware nach eis MASTER am CLM an op der Stross ënnerwee. Am CLM Hei huet den Joël Weirig ( lescht Joër Champion ) eng 6te Plaz gemaach den onermiddlegen Jacques Wirtz  eng 8ten an den Jeannot Kayser eng 12 Platz. An der course en ligne ass den Jacques 19ten an den Aly Schartz 16ten ginn.

Sou ech hoffen ech hunn elo kee vergiess. Jiddefalls jidderengem: Coureuren, Betreier; Zuschauer an Traineren ee grousse Merci fir äre Beitrag un der Championnat 2013 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.