Festival, den Daag dorno …

Jo et ass een bëssi midd, an och ass een frou dass et fäerdeg ass. Wann een awer erëm eng Nuecht geschlof huet, kann een mat bëssi Ofstand zréck kucken. Dann kommen déi éischt E-Mailen an Messagen un. „Uff just Positiv!“ Esou lues awer sécher réckelt den Opwand, Abrécht den Stress,….etc an den Hannergrond an et kommen nei Ideen. Duerno dann den positiven Feedback vun den Commissairen an der Federatioun. Flotten Circuit, gutt organiséiert!

Wann dat alles Gedanklech verschafft ass, gëtt et Zäit alleguer den Léit Merci ze soen. Just zesummen kann een esou eppes op Been stellen.

Als Stréckenposten een Daag laang op enger Platz stoen an opzepassen dass keen Auto Coureuren an Gefor bréngt, …

Jo sécher ginn et Sonndes méi flott Saachen déi een kann maachen ewéi dat. Egal op hannert dem Comptoir oder bei den Commissairen am Auto, op an der Inscriptioun oder hannert dem Grill. Groussen Merci un jiddereen den eng Hand mat ugepaakt huet.

Hei déi eischt Fotoen op eisem Blog : Fotoen Festival 2015

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.