Championnats 2015

Den VV Tooltime Preizerdaul huet National Meesterschaften 2015 am Velosport excellent offgeschloss. No den gudden Resultater vun eisen Coureuren während der Saison 2015, hun mir gehofft, dat eis Coureuren den en oder anneren den Championstitel geif huelen. Mat Podiumsplatzen huet den Verein secher gerechnet. Dat mir nun awer mat dem Mike DIENER den National-Champion ob der Strooss bei der Elite ouni Vertrag krueten war mei wei erwart. Super Mike. Och super fir Marie SCHREIBER, dat bei den Minimes erem Championne gouf.

CLM en Donneschden, den 25.06.2015

Bei den Débutants sin den Philippe LECLERC an den Félix SCHREIBER hier Zeit-Kurs gefuer, dei awer net fir zum Championnat gezielt huet. Et war eng gudd Uebung fir die 2 Coureuren. Nodems den Félix als eicht 3. gewährt gouf, ass hen awer kurz virun der Siegereierung ob die 4. Platz gesaat gin. Wirwat: den Sprecher hat do irrtümlicherweis dem Coureur den den Félix ball iwerrondt hat, durchgin. An dobei war den Félix dann awer 10“ mei lues wei den Coureur, sou dat seng Zeit an Platz ok waren. Dem Philippe an dem Félix Merci fir är Virstellung beim CLM. Bei den Masters as den Aly SCHARTZ matgefuer. Dobei ass den Aly geint den Vergangenen Joeren eng wirkelch ganz gudd Kurs gefuer an huet sech als 15 klasseiert. Bei den Junioren war den Maxime WEIRICH um Start an as vir meng Begreffer excellent gefuer. He muss just nach e bessen mei un der Kraft schaffen, fir dat hen mat dem Braquet kann fueren. De Maxime huet engt gudd Zeitfueren gefuer och wann hen nun net esou mat senger Platz zefrieden war. Gudd Maxime. Dann hatten mir nach den Larry VALVASORI bei den Espoirs an den Mike DIENER bei der Elites ouni Vertrag an der Kurs. > De Larry as erem wei gewinnt mat enger excellent Form un den Start gangen an huet sech als 3. Espoirs klasseiert, dest hannert WIRGTEN an eisem Luc TURCHI. Fir de Luc supper fir den Virstellung. Mir hätten dir gären die 1. Platz gegont. > De Mike as erem eng excellent Kurs gefuer. No der 1 Ronn lung hen mat 13“ Reckstand ob den ex Profi POOS Christian ob der 2. Plaatz. Des Plaatz sollt de Mike dann och bravourös bis ob Arrivée verteidigen, obwuel hen versicht huet un dem POOS seng Zeit erun ze kommen. Schlussendlech hat de Mike 30“ Reckstand ob den routinier POOS. Supper Mike Vice-Champion am CLM.

Samsden, den 27.06.2015

Masters: Do war den Aly SCHARTZ erem den, den eise Verein vertrueden huet, an wei… Hen huet sech schlussendlech als gudden 13. klasseiert, dest virun un Leit wei Claude BILTGEN; …. Minimes: > Noé URY, Marie SCHREIBER, Luca KALWEIT, Mika THEISSEN, Liv WENZEL, Caroline REUTER, waren an der Kurs an hun den VV Tooltime do erem excellent vertrueden. den Noé gouf 4. an huet dobei den Podium knapp verpasst. Marie SCHREIBER huet sein Titel erfollegreich verteidigt an huet dem VV Tooltime den 1. Titel 2015 bescheert. Merci Marie. Liv WENZEL as an der Kurs dann och nach dat 2. gin an esou Vice-Championne. Supper Liv. Cadets: > Loic BETTENDORF, Mats WENZEL, Philippe REUTER, Jacques GLOESENER, Mik ESSER, Tom HERMES, waren bei den Cadets fir den Titel an der Kurs. Do huet den Loic dann och dat Resultat erausgefuer mat dem mir gezielt hatten. Den Loic ass excellent 3. am Sprint gin. Supper Loic. De Mats WENZEL huet eis iwerrascht an dem dat hen nodems hen kurs ofgehangen war erem an den Spetzegroupp eran gefuer as. Ganz gudd Mats, mach esou virun. Och eisen weideren Coureuren an deser Kurs Merci fir är Prestatioun. Débutants: > do hatten mir mat dem Philippe LECLERC an dem Matfavorit Félix SCHREIBER nemmen 2 Coureuren an der Kurs. De Philippe as an sech dei beschten Leschtung vollbruet an dem, dat hen nodem hen aus dem Peloton eweggefall war an schons e Retard vun em die Minut hat, erem eleng an dat am Bierg zreck an den Peloton gefuer. Favoriten an deser Kurs hun sech all belauert, sou dat um Enn en Outsider den Rik KARIER gewonnen huet. Den Félix hätt missen ob den Podium kommen, he gouf am Sprint behennert an huet sech schlussendlech als 4. klasseiert. Schued Félix. Dat nächst Championnat ergeifs du Initiativ an hells dir den Titel, nemmen mat Engagement kanns du dat machen. Trotzdem Merci fir är Virstellung Philippe an Félix. Juniors: > mat dem Maxime WEIRICH, Gilles ROULLING an dem Maurice THILL, hatten mir 3 Coureuren an der Kurs. Allen drei sin bei Goesdorf an enger Chute verweckelt gewiecht, konnten awer erem un den Peloton obschleissen. Um Schlusscircuit den 3. x ze fueren war, sin sie awer vun den Spetzeleit ofgehangen gin. Sie hun sech tapfer geschloen an ouni den Surz wier secher mei dran gewecht. Merci ierch drei. Dat nächst Joer geht et besser. Espoirs/ Elites > mir sin mat den Coureuren Mike DIENER, Larry VALVASORI, Lex REICHLING, Alec LANG an Marc ZIMMER ennert 60 Konkurenten un den Start gangen. Vum Start aus as et direkt Kurs gefuer gin, sou dat no e puer Meter die Echappé mat den 4 Haaptleit aus dem Peloton erausgefuer as, dei net mei ageholl sollt gin. Hannert dem Peloton huet den Jempy DRUCKER versicht d’Echappé erem ze huelen an as dobei e wahrsinnigen Tempo gefuer. Heidurch gouf et eng Kurs par élimination no hannen. Den Alec an den Marc waren ennert den eichten 10 Coureuren dei hu missen lass lossen. E greissere Group mat dem Lex as dun och nach eweggefall, sou dat nemmen mei 12 Leit an dem Haaptfeld mam Jempy bliewen sin, ennert hinnen och den Larry an den Mike. Wou mir dun ob den Schlusscircuit koumen hun Drucker, Didier, … Kurs verloos. Elites sans contrat an Espoirs, mat nach 3 Leoparden, waren dun ennert sech. An der 3. leschter Ronn huet de Mike demareiert, an dobei sin nach e puer Coureuren no hannen eweggefall, och dobei waren Jérome EWEN an den Ben Wurth. Leider hat de Mike dun awer e Problem mat dem Changement an huet de Velo missen wieselen, sou dat den Larry, den Luc TURCHI, Kevin FEIEREISEN an den Morabito, durch Attack vum Mike sech vum Group ofgesaat hatten. De Mike as zreck an den Group mam Ben WURTH komm, den mat him zu dem Zeitpunkt fir den Titel nach a Fro komm as. De Larry hat dunn e ganz schweieren Stand. De Luc huet sech ofgessat an as bei den WIRTGEN obgefuer. Dunn blouf nach eng Plaatz um Podium frei, fir dei hen an den Morabito a Fro koumen. Am Sprint huet den Larry alles richtig gemach an konnt sech die 3. Platz esou secheren. Supper Larry. 2 x Podium bei dem Championnat. De Mike huet sech schlussendlech am leschten Km vum Ben WURTH ofgesaat an as eisen neien Champion ob der Strooss bei der Elites ouni Vetrag gin.

Mike Diener Champion Elites sans contrat 2015

Mike Diener Champion Elites sans contrat 2015

Merci Mike dest no dem super Resultat vum Donneschden. Och Merci un den Lex, den Alec, den an der Schlussronn dem Larry nach eng wichtig Hellef war; an un den Marc, dat dir dest Championnat matgefuer sid.

Den Komite-Memberen an allen Leit vum Verein dei eis Coureuren ennerstetzt hun, villmols Merci.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.