Cyclocross-Meeschterschaften zu Alzëng

Dëse Sonndeg waren Cyclocross Meeschterschaften zu Alzeng, an den VV Tooltime war mat villen Coureuren um Départ. Eise Veräin huet déi meeschten Coureren gestallt. Leider huet d’Wierder sech net vun der beschter Säit gewissen, an et huet gereent de ganze Nomëtteg an d’Streck ass nach mei rutscheg gin wei se schon war. Daas do eis Coureuren am Element sin daat huet e bei eise gudden Résultater gesinn.

Als eischt sin d’Débutanten um 12h45 un de Start gaangen. De Tooltime ass hei mat 6 Coureuren gestart, déi sech super aus der Affäir gezunn hun. Et muss e wëssen dass dës Jongen all nach am 1. Joer Débutant sin, an d’Zukunft wärd weisen dass do nach vill Potential drann ass.  An dëser Course, déi dominéiert a gewonnen vum Nicolas Kess (vum LG Alzëng) gouff, ass den Loïc Bettendorff op eng gudd 7 Plaatz gefuer. De Mik Esser ass den 10. gin, kurz do hannendrun ass den Noé Feragotto (12), Jacques Gloesener (13) gefuer. E beschen méi spéit war den Steven Nederween (17) an den Tom Hermes (19) am Ziel.

Um 14h00, de Reen huet just agesaat, sin eis 4 Junioren gestart. De Felix Schreiber haat e gudde Start a konnt sech direkt op 3. Plaatz setzen an Drock op déi 2 Dippecher machen déi virdrun waren. Am 2 Tour huet en se dun awer missten zéien loosen, an huet um Enn eng gudd 4. Plaatz assuréiert. Den Philippe Leclerc huet sech no engem schlechte Start lues a lues no vir geschafft an huet Tour fir Tour emmer méi Coureuren iwerholl an ass am Ziel de gudde 12. gin. De Maurice Thill ass nodem en vill Zäit am 2. Tour verluer huet eng konstant Course gefuer an ass den 13. gin. Mat technesche Problemer hat den James Bindels ze kämpfen. Him ass ëmmer Ketten erofgesprongen an huet dodurch vill Zäit verluer. Hien ass den 18. gin.

Och bei de Masters ware mir vertrueden. Hei ass de Jeannot Nederween gudde 6. gin.

Dun um 15h00 war et esouwéit an eise Elite-Fuerer sinn an den Asaatz komm. Daas hei de Kampf fir Mescherkroun, fir Favoriten Helmig, Bauch, Dias DosSantos war, war gewosst. Trotzdem hun eis Coureuren do excellent matgehaalen. De Luc Turchi haat nach an der 3. vun 7 Ronnen Kontakt zum Spëtzentrio (Helmig, Bausch, Morabito) mee huet dun missten lass losen, an huet sech op seng Espoir-Verfolger konzentréiert an esou seng 4. Plaatz (1. Espoirs) vun der Course souveräin assuréiert.

Cyclocross Champion Espoirs 2016 - Luc Turchi

Cyclocross Champion Espoirs 2016 – Luc Turchi

Hien ass Champion 2016 bei den Espoirs gin. Félicatioun Luc !

De Lex Reichling deen, all déi Joer nie Glëck bei enger Championnat haat, huet eng vun senge beschte Coursen vun der Saison gemach. Seng Pace ass vun Tour zu Tour besser gin, an ass um Enn als 6. iwer de Strëch gefuer an et hun him just e puer Sekonnen gefehlt vir de Vincent Dias Dos Santos ze klappen Den Eric Gleis huet ebenfalls seng gudd Form ënnerstrach an ass als 4. Espoirs (17.) gezièlt gin. Séi Brudder, de Ralph Gleis (20.) huet sech gudd präsentéiert an konnt seng direkt Konkurrenten a Schach halen. Och de Ben Philippe huet an dëne schwéiere Konditiounen daat Bescht gemaach an ass gudden 24. ginn. Den Alec Lang (deen schon dës Saison vill Pech haat) haat leider och geschter e teschnesche Problem, an huet missten virzéiteg ophalen.

Merci un all eis 17 Coureuren fir déi gudd Performancen, an Felicitatioun un de Luc fir séin eischte roud-weiss-bloen Trikot ! 

Mam Bus op Cross Weltmeeschterschaft zu Zolder

Weltmeeschterschaft Zolder

Den Tooltime Préizerdaul firt matt engem Bus vum Voyages UNSEN (48 Plaazen)

den Sonndeg 31. Januar 2016 op

Weltmeeschterschaft vum Cyclo-Cross zu Zolder (B)

De Départ ass am Préizerdaul bei der Fabrik um 07h00 an de Retour ass géint 19h00 geplangt

De Préis pro Persoun ass 20€ (an dem Préis ass awer d’Entrée net dran)

Melt Ierch w.e.g op schrtool@pt.lu  fir Bescheed ze soen.

Weider Info’en op dem offizelle Site : www.wk2016.be

Tooltime Nightride – Photos

Rond 30 Tooltime MTB’er haaten sech geschter zu Brouch afond fir e flotten Tour am Deischteren duerch d’Bëscher ronderem Brouch ze fueren.

Tooltime Nightride 2015

Tooltime Nightride 2015

No engem klenge Breefing vum Laurent sinn dun d’Luchten um Velo an um Helm ugeknipst gin, an et ass lass gangen . No ca 1,5 Stonnen war dun Halt op dem Ravi am Fënsterdall wou schon Lagerfeier gebrannt huet, an de Grill prett war fir den Honger ze stëllen. Bei engem gudde warem Feier war bei Glühwein an Softdrinks eng gudd Ambiance.  De Retour mam Velo bis op Brouch war e beschen méi kurz. E puer Foto’en vun dësem flottem Event sin am Photosalbum ze fannen.

Tooltime Nightride

Klenge Rappel: Tooltime-Nightride vir jidfereen vun Benjamin 2 bis Masters !
Rv ass den 29.12 um 18:30 zu Brouch beim Terrain
Onbedengt mat MTB a Luut an Helm !
Mir grillen ennerwee, brengt eng Jackett an eng Mutz mat vir do unzedoen.

Cyclocross Préizerdaul – Merci

Am Numm vum Comité soen ech iech alleguer villmols merci dass dir geschter oder an de leschte Wochen gehollef hudd vir de Cross sou gudd iwwert d’Bühn ze kréien. Et huet bestemmt eng oder déi aner Klengegkeet net richteg geklappt, et war ustrengend mee et war e ganz groussen Succès. An dat verdanken mir iech, well ouni d’Matarbescht an d’Zesummenarbescht vun Traineren, Billjetsverkeefer, Streckenposten, Catering, Bürosleit, Leit déi Kuch matbruecht hun an och Coureuren geet et net. Jo, och de Coureuren, grous a kleng, Merci, well ouni déi get et kee Cross !

Villmols merci un iech all!

1 2 3 4 12