Cyclocross régionale 2015 Préizerdaul

Cyclocross 2015 Préizerdaul

Cyclocross 2015 Préizerdaul

De Velosveräin Tooltime Préizerdaul organiséiert den Sonndeg 13. Dezember säin 10. régionalen Cyclo Cross.  Op enger neier, méi attraktiver Strëck a méi schneller Streck , sinn mir frou dem Public am Préizerdaul eng Course op regionalem an nationalem héichen Niveau ze präsentéieren.

Gefuer ginn Coursen :

  • Kids Event (11h30) – hei fueren déi jonk Nowues-Cyclocrossfuerer op der Streck vun deene Groussen
  • Juniors/Masters/Dames (14h00)
  • Débutants (14h01)
  • Espoirs/Elites (15h00).

Den Départ ass bei der Fabrik, rue du Pont am Préizerdaul

Brochure Cyclocross 2015 Download  – 7,3 MB.

Download

Wichteg : D’Streck vum Cyclocross huet geännert. Den Départ ass aanescht, an och de Materialposten ass op enger aanerer Plaatz. De Parking Coureurs ass um neie Parking.

–> Nouveau Parcours <–

Cross Stage beim Adrie Van der Poel

Vum 01.11-05.11 war eis Juniors Cross-Equipe op e Stage zu Osssendrecht beim Adrie Van der Poel. Am Ufang den 1 November war de Cyclocross um Koppenberg (Oudenarde) um programm. Durno ass et direkt an Holland gangen wou mir zu Sint Annland 2 Chalet’en gelount hun. Meindeg hatte mir nach e flotten Training op der Stroos mat beschten Wierderverhältnissen.

IMG_1572

Gorishoek zu Seeland

 

 

 

 

 

 

Ab Denscheg war dun de Stage um Programm wou d’Jongen emol konnten am Sand trainéieren an daat zesummen mat der Equipe BKCP, wou och de Weltmeeschter, den Matthieu van der Poel firt. Eng ganz flott Erfahrung zesummen mat den Hollänner ënnert der Regie vun engem Ex-Weltmeeschter.

IMG_1589

Training

IMG_1581

Training am Sand

IMG_1587

Panne Patte gebrach

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Nach e ganz groussen Merci un eisen Meeschter hannert dem Deppen, de Toni. Hien huet eis TOP gekacht ! Merci Toni fir daat gudd Iessen !

Tooltime Beaujolais Owend den 20. November

Mir invitéieren Iech Freides, den 20. November 2015 op en Tooltime-Beaujolais-Owend, ab 19:00 op der Fabrik.

Invitatioun Tooltime soirée

Um Programm steht :

  • Présentatioun vun der neier Uniform
  • Velosmechanik-Workshop vum Eric fir eis jonk Coureuren (Velobotzen, Plattenflecken, ..)
  • Fotoen vun der Saison 
  • E flotte Owend

All Coureuren, Jonk an Aal, Traineren mat Famill, Frëndin, Partner, Kanner, … sidd wëllkom !

Fir Gedrenks, an Iessen ass gesuergt. Ween wëllt kann en Dessert, Taart, Kuck matbrengen

Mëllt ierch w.e.g bis den 10. November op dëser email schrtool@pt.lu un

Clubauto gewannen

Den VV Tooltime Préizerdaul huet beim Concours vum Cactus matgemach fir en Clubwon ze gewannen. Fir zegewannen musse mir esou vill Votings wéi méiglech bis den 16. Oktober kréien. Merci fir äre Voting fir eis Camionette (Plaatz 25).
1. Klick op dëse Link.

2. Alles ausfëllen (Num, Virnum, Email)

3. Ganz Wichteg : Confirmatiounsmail klicken – soss zielt de Vote net

Merci am viraus

 

Clubwon_Tooltime

WanterTraining

Cyclocrosstraining ass vum 17. September un all Donneschteg vun 17h00-18h30. Treffpunkt bei der Fabrik

Hallentraining ass vum 7. Oktober un all Mëttwochs vun 18h-20h. Sportshall am Préizerdaul

Strossentraining ass vum 10. Oktober un all Samstag um 13h30. Treffpunkt bei der Fabrik

Rendez-Vous Cyclotouristes

Mir wëllen emol elo e puer Sortie am Hierscht mam MTB plangen. Hei sin emol e puer Datumer déi bis elo geplangt sinn. Hei ass jidderen wëllkom (mat oder ouni Cyclotouriste-Lizenz, Memberen a Nët-Memberen) de Loscht huet mat eis MTB ze fueren.

  1. 20.09.2015 (Sonndeg)  Randonnée Roger Wirtz zu Larochette
  2. 27.09.2015 (Sonndeg)  Randonnée HemoRide zu Stroossen
  3. 03.10.2015 (Samsteg 09h00) +-40km (Départ beim Fussballterrain zu Brouch)
  4. 17.10.2015 (Samsteg 09h00) +-40km  (Départ beim Fussballterrain zu Brouch)

Bei weider Froen, an RV fir déi zwou Randonnée zesummen ze fueren, dann sëch un de Joël Stroesser 621 280 963 oder Daniel Esser 661 646 662 wenden

1 2 3 4 5 12