Larry Valvasori gewënnt Course zu Haucourt

Haut  sin den VALVASORI Larry, BATISITA MENDES Cristiano an den SILVERIO Marc zu HAUCOURT (Longwy) eng Elites-Espoirs-Juniors Kurs gefuer vun 110 km.
65 Coureuren waren um Start. Ab der 2 Ronn vun 10 huet sech e Group vun 21 Coueuren ofgesaat, ennert hinnen den VALVASORI Larri: 2 Ronnen virun Schluss; gouf de Group qgefqngen qn den Larri hat sech kurz virdrun eleng eweg gemach: De Cristiano as mat engem weideren Coureur aus dem Peloton beigesprong: An der leschter Ronn blouwen nach den Larri an den Cristiano enleng vir: Resultat:
1 VALVASORI Larri
2 MENDES Cristiano
17 SILVERIO Marc

G-Skin Arden-Challenge

Hei e kurzen Bericht iwert d’Etappen Kurs Elites-Espoirs ‘G-Skin Arden-Challenge‘ dei an der Prov de luxbg. (Belg) vum 16. bis den 19. Abrell gefuer gouf.

Den VVT Preizerdaul war do mat den Coureuren: Valvasori Larry; Batista Mendes Cristiano; Diener Mike; Lang Elec an Claerbout David bedellegt. Als 6. Coureur hatte mir den Jérôme EWEN vum Velo Woltz derbai.

Et waren all Daag techent 130 an 140 km ze fueren an all Daag waren em die 250 Coureuren um Start. Et konnt en un enzelen Etappen Deel huelen, koum dann awer net an Generalklassement.

1 Etappe zu CHINY : (de Mike Diener war do net um Depart) No halwer Kurs lungen 21 Coureuren an der Echappé an ennert hinnen war och eisen Coureur Alec LANG. Bei Km 100 huet den Alec awer missten lass lossen an as vum Peloton ageholl gin. Den Alec huet dun awer Kurs verloss.
Bei deser Etappe sin den Larry, den Crisitiano an den Jérôme EWEN am Haaptpeloton ukomm. Den David huet wei den Alec no 100 Km obgin.

2 Etappe zu EREZEE (do war den David net um Start) . Bei deser Etappe waren den Mike an den Cristiano an enger Chute verweckelt, wou dem Cristiano seng Schaltung gebrach as. Den Larry hat bei deser Etappe och Pech, seng Ketten war techent dem Kader an dem Kettenblaat blockeiert an het huet dobei den Velo missten wieselen. Desen Zechefall war kurz noc der Chute vum Cristiano geschitt, sou dat sie zu 2 zesummen zreck an den Peloton gefuer sin. Zreck am Peloton huet dem Cristiano seng Schaltung awer komplett gestreickt an hen huet obgin. Dem Mike as 15 Km virun der Arrivée eng Spechel am vichten Raad gebrach an he konnt net mei am Peloton bleiwen an huet och obgin.
Klasseiert goufen den Larry am Peloton an den Jérôme kurz hannert dem Haaptfeld. Den Alec huet no senger Ustrengung vum 1. Daag no 100 km obgin.

3. Etappe zu COMPOGNE (hei waren se all 6 derbai)
Ukomm sin an deser schweier Etappe: Larry; Cristiano an Jérôme.

4. Etappe zu BERTRIX ( hei waren den Larry, Cristiano, Mike an Jérôme um Start)
Ech selwer hun bis elo nach keng esou schweier Kurs erliewt wei des Etappe.
De Mike gouf beim 2. Bierg mat 150 weideren Coureuren ofgehangen an nodems sie 2′ Reckstand ob den Haaptpeloton hatten sin sie aus der Cours geholl gin.
120 Coureuren sin zesummen ukomm, an do hun sech den Larry als 62. den Cristiano als 75. an den Jérôme als 82. klasseiert.

Am Gesamtklassement figureieren nemmen 47 Coureuren an hei huet den Larry sech als 43. an den Jérôme als 47. klasseiert.

Et waren nach weider letzebuerg Coureuren bei verschieden Etappen um Start, awer kee vun hinnen huet eng Arrivée gesin.
Fir eis Coureuren war eng excellent Virberedung fir Flèche du Sud dei den 13. Mai ufängt.

Radsportfestival in Trierweiler – Felix Schreiber Sieger U17

De Samsteg 18.04 waren vill Coureusen aus dem Préizerdaul zu Trierweiler am Asatz an hun gut Resultater erzielt. Bei den U17 huet de Felix Schreiber seng Course gewonnen,

Felix Schreiber - Sieger bei den U17

Felix Schreiber – Sieger bei den U17

Bei den U15 huet de Loic Bettendorf eng excellent 2.Plaatz gemach. Op de weidere Platzen waren de Mats Wenzel (7.) an de Mik Esser (9.). Bei den U13 huet d’Marie Schreiber eng 11. Platz gemach an Liv Wenzel ass op Platz 16 komm. U11 Course waren den Rick Meylender um Enn den 5. an de Pit Zoller just hannendrun op Plaatz 6. Bei de Junioren (U19) ass de Maurice Thill den 14. gin

Race WE zu Dippech 28-29.03.15

Elo ass Saison dann esou richteg lancéiert. Net nëmmen den Training sondern och Coursen hunn erëm ugefangen an fir Mammen an Pappen ass Schluss mat der Langweil den WE. Et UC Dippech huet dann leschten WE op den éischten RDV (Jugend) fir des Saison invitéiert. Vun den Bambi 1 bis bei Elite woren eis Jongen an Meedercher am Ansatz. An dëst duerch aus mat Top Resultater.

Bambi1: Jo dëst Joer ass do den Matt Esser um Start, den hei seng éischt Course souverän gewonnen huet. (och wann hien als enzechen Bambi 1 do wor, huet hien sech super an der Klass vun den Bambi 2 geschloen) weider esou!!!

Bambi2: Keen um Start.

Bambi3: Hei huet Lena Lallemang do ugefaang, wou et lescht Saison ungefangen huet, an zwar ass et 1 Meedchen an senger Kategorie ginn.

Benjamin1: An dëser Kategorie wor Iwwerleeënheet vun den Tooltimer, esou ewéi och schonn lescht Joer ze gesinn. Den Pol (1. Platz) den Pit (2. Platz) an den Rick (3. Platz) hunn hei näischt ubrennen gelooss, an hunn vun Ufank un kloer gemaach dass och des Saison kee Wee un hinnen laanscht geet.

Benjamin2: Och hei kann een behaapten dass eis Coureuren hier Konkurrenz dominéiert hunn. No 7 Tier ass den Fynn (1.Platz) an den Jona (2.Platz) op den 3 plazéierten opgefuer, esou dass déi 2 eng Ronn Avance op hier Konkurrenten haten.

Minimes: Hei hunn mir dëst Joer 7 Coureuren, wou der 5 um Départ woren. 2 Aal Huesen (Marie an den Noé) an awer och 3 Coureuren déi hier éischt Course bei den Minimes gefuer sinn. Ganz grousst Kompliment un den Mika, Caroline an den Luca déi hier Saach méi ewéi gutt gemaach hunn. Wat den Noé an Marie ungeht hunn si sech vun Ufank un direkt an der Spëtz mat festgesat an woren ëmmer present. Wou et dunn an Schlussphase gaangen ass, an Vitesse méi séier ginn ass, konnt Marie Rad vun den Jongen net méi ganz halen. Ass awer trotzdem op eng super 8 Platz gefuer, an domadder 1 Meedchen ginn. An der 2 leschter Kéier konnt dunn een vun den Dippecher Coureuren sech duerch bascht maachen, an den Podium ass dunn am Sprint entscheed ginn. Hei hat den Noé sech clever ugeluecht an sech déi 2 Platz geséchert. (Bravo)

Cadets: Vun Start un ass hei direkt Attackéiert ginn. Am Ufank ass den Impuls vun den Auslänneschen Coureuren komm. Dëst wor awer net vun laanger Dauer. Ab der Mett vun der Course hunn dunn 3 Coureuren probéiert den Führungsgrupp méi kléng ze kréien, hei wor dann och den Loic dobäi. Dëst sollt hinnen dann och geléngen, an esou sinn si dann och an den leschten Tour gefuer. Aus der leschter Kéier eraus hunn dunn e puer Kären gefehlt, awer den Loic huet sech op der super 3 Platz klasséiert. (Bravo) Den Mats, Philippe, Mik an dem Tom woren och mat um Start. Allen 4 hunn sech super geschloen, fir 3 vun hinnen wor et déi éischt Course bei den Cadets. Kompliment un jidereen den den Samsteg um Start wor! Super Leschtung!!!

Teambuilding Daag 28.02

Ewéi schon op der Generalversammlung gesoet sin dann hei Infoen fir den Samsteg. (Teambuilding Daag 2015)

Treffpunkt ass den Samsteg um 10h zu Brouch um Fussball Terrain. (ouni Velo, an mat gudden Schung)

Dest Joer ass et just een Daag 10h bis +- 20h. Dir musst just eppes matbréngen fir Mettes ze Iessen an ze drenken. (Owes ass organiséiert)

Dest Joer soll et jo dann och bessi méi dreschen ginn ewéi lescht Joer, esou dassen mir hoffentlech manner nass an kaal gin.

Macht mir just w.e.g eng kurz Mail op dir dobei sidd, esou kann ech Iessen vir Owes besser organiséieren.

villmols Merci – Laurent Ury – Gsm: 661639075

Sportlereierung vun der Gemeng Préizerdaul

Sportlereierung von der Gemeng Préizerdaul

Sportlereierung von der Gemeng Préizerdaul

De Samsteg 10. Januar war Sportlereierung von der Gemeng Préizerdaul fir all Sportler déi 2014 e Merite opzeweisen haten. Hei sinn d’Laureaten vum Tooltime Préizerdaul:

 

 

 

 

 

Lallemang Lena : Vun 10 Coursen huet hatt der 6 gewonnen an ass domadder Championne bei den Meedecher an der Kategorie Bambi 2 ginn.
Meylender Rick : Vun 10 Coursen huet hien der 4 gewonnen. Den Rick konnt mat 5 Punkten Avance sech den Champions Titel bei den Bambi 3 secheren.
Zoller Pol : Ganz knapp war et bei den Bambi 3, an den Tooltime huet hei dei ganz Saison dominéiert, esou dass den Pol den 2 am Général gemaach huet.
Zoller Pit : Et wor zum Schluss jo awer nach eng Platz op dem Podium, ma och déi wor fir den Tooltime. Esou dass op dem ganzen Podium just Tooltime ze gesinn wor.
Fynn Ury : Och hei kann en just soen dass géint den tooltimer kee Kraut gewues wor. All Course ewou hien un den Start gangen ass huet hien fir sech entscheed, an esou ganz kloer den Champion an der Kat. Benjamin1 gemach.
Reuter Caroline : Caroline mech et ëmmer spannend. Et ass op déi lescht Course unkomm. Esou ewéi lescht Joer huet et an dëser Kategorie un Spannung net gefeelt. Zum Schluss war kloër, Caroline huet et erem faerdeg bruecht a mecht déi 1. Platz am Général
Marie Schreiber : Iwwert d‘ganz Joër huet et sech schon ungekënnegt, dass bei den Meedecher an der Minimes Klass näischt geng laanscht d‘Marie féieren. Esou ass et dann och komm dass Marie ënnert ganz schwéieren Konditiounen den ROUD WAISS BLOEN Trikot an den Daal bruecht huet.
Noé Ury  : Dëst Joer huet d‘Féderatioun dann och fir éischt een XC Cup ausgeschriwwen, wou dei beschten Mountainbiker vun Lëtzebuerg an all Kategorie gesicht ginn sin. Hei konnt den Noé sech trotz enger schwéirer Chute an der leschter Course déi 3 Platz secheren.
Philippe Reuter : Eng gut Saison von him bei den Minimes mat enger Rei gewonnene Coursen
Felix Schreiber : Champion bei de Débutanten am Cyclocross
Larry Valvasori : De bei der WM op der Strooss selektionéiert war
Equipe Tooltime bei der Flèche du SudLuc Turchi; Cristiano Mendes; Mike Diener; Alec Lang an David Claerbout déi all ukomm sin an als Beschte Letzeburger Equipe gewert gi sin
Luc Turchi : Hien war dëst Joer 2 x bei den Espoirs um Championnat um Podium ( CLM: 2 Plaz; an op der Strooss 3 Plaz ) An huet och zousätzlech de Sprong gepackt fir dëst Joër elo ee Kontrakt bei Leopard Developement Team ze kréien. Hien war och op der WM op der Strooss am Asatz
Mountain Bike Coureuren déi den XC-MTB Cup gefuer hunReuter Philippe den 4ten bei den U13; Noe Ury den 3ten bei den U13; Marie Schreiber daat eischt bei U13; Loic Bettendorf  den 3ten bei den U15; Felix Schreiber den 1ten bei den U17; Joé Wirtz den 2ten bei den U19

 

1 3 4 5 6 7 12