Yuppis Trophy am Préizerdaul – Feedback

Yuppis Trophy Préizerdaul 2014

Départ Yuppis Trophy Préizerdaul 2014

Eng Streck fannen fir Kanner um Vëlo ze förderen, esou steet et am Reglement vun der Yuppis Trophy. Wann dat ganzt dann och nach Spaass mécht ass et em esou besser. Kee Problem dat kréien mir hin am Préizerdaul. Den 24.05.2014 war et dann esou wäit.

Streck huet sech dann däitlech vun deenen aneren an der Yuppis Trophy ënnerscheed. An der Nuecht huet dann och den Reen nach säin Deel dozou bäigedroen dassen mir bal Konditiounen haten ewéi um Supercup lescht Joer. Eis Jonk Coureuren haten sech vill vir geholl, esou dassen si alleguer relativ nervös waren, éiert si op den Start gaangen sinn. Dëst wor awer alles onbegrent, well wou et bis lass gaangen ass hunn si gewisen waaten si kennen. Alleguer hunn si sech eng Platz um Podium geséchert esou dassen si alleguer hiert Zil erreecht hunn.
Wann en elo Bambi3 an Benjamin1 eraus hellt, kann en soen dass an dësen Kategorien eis Mini Tooltimer kloer dominéiert hunn. Bei den Benjamin1 ass et esou guer esou wäit gaangen dassen nach just 4 Coureuren am selwechten Tour woren, dovun 2 Tooltimer.
„Trainer mir haten ausgemaach dass ech vir fueren an wann hien hannert mir ass just rifft: Ech sinn do!, an dann fueren mir.“ wann en dat héiert dann kritt een schmunzelen an Gesiicht.
Zum Schluss vun dem Dag kann een dann just een positiven Feedback zeien, an et bleift ze hoffen dass esou Strecken ëmmer méi oft den Wee an eis Jugend fannen.
Zum Schluss awer nach een ganz groussen Merci un déi vill Léit déi eng Hand mat ugepaakt hunn, an esou dat ganzt Event realiséiert hunn.
Op eng flott Zukunft mat engem super Grupp!!!  (Fotosalbum)

Course Budingen (B) den 25.05

Course Budingen

Course Budingen (B)

De Sonndeg 25. Mée waren Debutant’en an der Belge zu Budingen (B) am Asatz. Ze fueren waren 61,2 km (9X6,8km). Iwer déi ganz Course waren d’Jongen aus dem Préizerdaul emmer aktiv an hun probéiert an eng Echappée dran ze kommen. Waat awer just net fir de Gilles, an Felix geklappt hat. Zum Schluss konnten sëch 3 Belge Coureuren fortmachen déi dann Victoire enert sech ausgemacht hun. De Sprint vum Peloton ass vum Felix Schreiber gewonnen ginn. Hein ass op déi excellent 4. Platz komm, 1’07“ nom Gewënner dem Sean Bero. Op der selwechter Zäit sinn de Gilles Roulling op der gudder 15. Platz, de Sam Prickearts op der Platz 17 an de Maurice Thill Platz 37, von am ganzen 55 Konkurrenten ginn. De Philippe Leclerc ass leider net an Klassement komm.

Resultat Course Budingen

Yuppi’s Trophy Préizerdaul 24.05.2014

Yuppi Trophy Tooltime Préizerdaul 2014

Mat 56 Coureuren war de Yuppi’s Trophy am Préizerdaul gutt besaat. Op enger flotter awer och e beschen méi technescher Streck konnten déi jonk Coureuren am Alter vun 6-10 Joer hiert Veloskönnen enner Beweis stellen.

Programme :

1er départ : 15h00  (inscriptions à partir de 14h00)

Parcours VTT de  +/- 700 m (Bambi1 et 2) respectivement +/- 900 m (Bambi3, Benjamin 1, 2 et 3.)

Inscriptions/Douches/Vestiaires „Op der Fabrik“ au Préizerdaul

Bambi 1                  2  tours  Ã  700m (1,4 Km)
Bambi 2                  3  tours  Ã  700m (2,1 Km)
 Bambi 3                  3  tours  Ã  900m (2,7 Km)

Benjamin 1             5 tours  Ã  900m (4,5 Km)
Benjamin 2 et 3      7 tours  Ã  900m (6,3 KM)

Hei ass d’Classement vun dem Yuppi’s Trophy am Préizerdaul 2014

Classement Yuppi Trophy Préizerdaul 2014

Course Bech

Eis Coureuren hun zu Bech excellent Resultater errecht.

Bei den Junioren gouf den Maxime WEYRICH den gudden 3.

Bei der Course Elites/Espoirs :
> Mike DIENER  4. ( 1 Letzeburger)
> Luc TURCHI  6. ( 1 Espoirs an 2 Letzeburger)
> Michel HUBSCH  21. ( 3. Espoirs)

Sint-Joris-Weert

Course Débutants Sint-Joris-Weert

Course Débutants Sint-Joris-Weert

D’Débutant’en waren de Samsteg 26.04 zu Sint-Joris-Weert (B) am Asaatz. Ze fueren waren 66km (10X6.6). Um Start waren 69 Coureuren. Op zimmlech flachem Parcour mat enger klenger Montée am Pavé ass keng Echappé fortkomm an et ass zu engem Massesprint komm. Hei konnt de Felix Schreiber eng excellent 3. Plaatz erausfueren. De Gilles Roulling war och gut plazéiert an ass de 7. gin. De Sam Prickaerts ass an der leschter Kéier durch eng Chute behënnert gin an ass zéitgleich den 34. gin. De Maurice Thill ass op 3 Minuten den 45. gin. Hien ass an der 8 Ronn lachéiert gin an dun erausgeholl gin. De Philippe Leclerc huet missten an der 4. Ronn lassloossen an ass als DNF klasséiert gin.

Och ze erwähnen ass dass de Felix an der 3 Ronn e Sprint gewonnen huett mat der Virarbecht vum Maurice, esou och de Gilles deen e Intermediaire Sprint mat der Heellef vum Felix gewonnen huet.

20140426 – Sint Joris Weert

Cross-Duathlon zu Bieles

Den éischten RDV vun der néier Saison 2014 huet sech ungekennecht. Den Cross Duathlon vun dem CAB (Bieles) ass ëmmer eng flott Geleeënheet fir een éischten Formtest ze maachen, an esou ze kucken ewéi mir iwwert den Wanter geschafft hunn.

Am ganzen waren 10 Athleten vum VV Tooltime un dem Start. Stréck wor net déi einfachst well et awer an der leschter Zait vill gereent hat.
Dat huet eis Jongen an Meedercher awer net gestéiert, an Sie hunn gewissen wat si drop hunn.

Cross-Duathlon Bieles

Cross-Duathlon Bieles

Resultat wor dass den Fynn Ury seng Kategorie gewonnen huet, an den Rick Meylander hei op eng super drëtten Platz gefuer ass. An der Kategorie vun den Kids A (Meedercher) woren  et dann och erëm 2 Tooltimer déi um Podium stoungen. Caroline Reuter op der éischter Platz an Marie Schreiber op der 3 Platz. An der selwechter Kategorie ass et bei den Jongen dann den Noé Ury den op déi gutt 3 Platz komm ass.

An der nexter Kategorie ewou den Niveau ganz héisch wor, huet den Phillipe Reuter et mat enger super Course faerdeg bruecht op déi dretten Platz ze fueren, direkt op der ondankbarer 4 Platz dann den Loic Bettendorf. Hien kann sech awer déi schnellsten Veloszait opschréiwen.
An och alleguer déi aner Athleten woren super Ënnerwee. Esou dass wann een den Bilan kuckt een sech op déi nei Saison kann frehen.

All wieder Fotoen sinn am Album ze tannen

1 5 6 7 8 9 12