Championnats Cyclocross zu Zéisseng

D’National Championnater vum Cyclocross 2014 waren e Succès fir eise Verain. Op engem Circuit deen net einfach ze fueren war, mat vill Bulli durch deen Reen vun de leschten Deeg hunn sech eis Coureuren excellent geschloen. Hei e klenge Résumé :

Podium Felix

Felix Schreiber Champion Cyclocross 2014

Bei den Débutanten ass de Felix Schreiber Champion ginn. Nodem hien op op der Stroos bei de Cadets e Meschtertitel an der Täsch huet, huet hien zu Zësseng eng zweete Keier zougeschloen! Direkt vum Depart un konnt hien sech zesummen mat 3 aaner Fuerer vun Dippech oofsetzen déi d‘Course an Hand geholl hunn. Nodeem hien e beschen distanzéiert ginn ass, ass hien awer erem komm, an konnt een no dem aaneren vun sengen Adversären eliminéieren. Am leschten Tour och séin direkte Konkurrent den Tristan Parrotta vun Dippech op e puer Meter distanzéieren. Féliciatoun un de Felix. Hien därf elo den Nationaltrikot déi ganz nächste Saison droen. An der Course vun den Débutanten, konnten sech de Gilles Roulling eng gutt 12 Plaatz erausfueren. Eng gutt Performance vum Philippe Leclerc deen déi 17 Plaatz kritt huet. Den Ben Franck ass 18 ginn an de Maurice Thill den 22. vun 25 Konkurrenten um Start.

Bei de Junioren waren 2 Coureuren aus dem Préizerdaul um Start. De Larry Valvasori huet eng gut Course gemaach, woubei hien e ganz schlechte Start haat. Hien ass de 6. ginn. De Joe Wirtz huet eng ganz konstant Course gefuer an ass op d’Plaatz 10 komm vun 19 Starter. Hei ass de Championstitel un de Ken Muller vun LG Alzëng gaangen .

Bei der Elite an Espoir’s Course waren mir mat 4 Coureuren vertrueden, nodems den Lex Reichling Forfait huet missen durch eng Knéiblessure erklären. Dass mir hei mat engem Championstitel net gerechent hun war evident, well den Christan Helmig bei der Elite an den Massimo Morabito bei den Espoiren waren d’Favoriten, an hunn och den Championstitel geholl. Eng super Performance bei den Espoirs, als Vize-Champion, huet de Luc Turchi gemaach. Hien huet et färdech bruecht fir d’Pace vum Tom Flammang (2. Bei der Elite) iwert ganz Course ze haalen an den Scott Thiltges vun Alzeng op Dizanz zehaalen. De Luc ass 4. vun der Course an 2. Espoirs ginn. Super. Feliciatioun Luc ! Den Alec Lang ass 5. Espoirs (9. An der Course) ginn an huet ebenfalls seng gutt Form ënnerstrach déi hien aus deen leschte Crossen bewissen huet. De Sven Fritsch ass 6. Espoirs ginn (14. An der Course). Bei der Elite ass de Mike Diener op déi 17. Plaatz komm. Hien haat Pech an huet durch e Platten vill Zäit verluer.

Als Fazit, huet den Tooltime Préizerdaul op dësen Nationalen Meeschterschaften iwwerzeegt, an huet erem positif vun sech an der Presse schwätzen gedoen. Feliciatioun un eise Champion de Felix bei den Débutanten , an de Vize-Championat Luc bei den Espoirs. E grousse Merci un den Tom an de Guy déi iwer déi ganz Cross-Saison d’Jongen trainert hunn.

Training VTT Minimes 2014

Samstegtraining : all Samsteg 9h45  mam VTT

11.01.2014  Préizerdaul
18.01.2014  Bambesch
25.01.2014  Préizerdaul
08.02.2014  Bambesch
01.03.2014  Préizerdaul
08.03.2014  Bambesch
15.03.2014  Préizerdaul
22.03.2014  Bambesch
29.03.2014  Préizerdaul

Resultater vum Cyclocross Préizerdaul

Eise régionale Cyclocross am Préizerdaul huet de Laurent Didier (Profi bei Trek Factory Racing) gewonnen.
Déi schweier Streck ass dem Laurent entgéint komm a konnt besonnesch an der laanger Montée a an deene ville Relancen Differenz machen an sech virum Vincent Dias Dos Santos durchsetzen. Déi 3 Plaatz ass un den Dany Lacroix aus der Belge gaangen.

Bei schwéiere Conditiounen, zimmlech vill Bulli, waren bei der Debutants/Juniors-Course souwéi och bei der Elites/Espoirs-Course vill Coureuren um Start. Eis attrakiv Streck a besonnesch den Deel bei de Weieren (hanner der Sporthaal) mecht déi Sach ganz interessant, net nömmen fir de Coureur mée och fir den Zuschauer.

Zu enger ganz spannender Course ass et bei den Débutant’en komm. Hei huet sech den „Lokalmatator“ Felix Schreiber ganz kloer durchgesaat a bewisen dass mat him ëmmer ze rechnen ass. Op de weideren Plaatzen ass de Colin Heiderscheid op der 2. Plaatz an den Tristan Parrotta op déi 3. Plaatz gefuer (béid UC Dippach).
Gudd Performancen fir de Gilles Roulling (Plaatz 9), de Maurice Thill (Plaatz 12), de Philippe Leclerc (Plaatz 14), de Ben Frank (Plaatz 15).

Zu engem flotten Duel ass et bei den Espoire komm wou de Lex Reichling kurz virum Luc Turchi gewonnen huet. De drëtt Plaatz war fir de Skjoth Magnus Tholstrup aus Dänemark.

De Velosveräin Tooltime ass frou iwer déi grouss Präsenz vun de Coureuren an och bei de Spektateuren waat beweist dass de Cyclocross nach ëmmer populär ass. E grousse Merci un eis Sponsoren an un déi vill Helpers déi et erméiglecht hunn dës Manifestatioun esou flott ze gestalten.

Cyclocross Preizerdaul 2013 – Results

LW 20131207

Cyclocross régional am Préizerdaul den 8. Dezember

Cyclocross Préizerdaul den 8. Dezember

Cyclocross Préizerdaul den 8. Dezember

De Velosveräin Tooltime Préizerdaul organiséiert den Sonndeg 8. Dezember säin 8. régionalen Cyclo Cross.  Op enger atraktiver Strëck, sinn mir frou dem Public am Préizerdaul eng Course op regionalem an nationalem héichen Niveau ze präsentéieren. Als speziellen Highlight hun mir des Joer mam Laurent Didier, e Profi aus der neier Equipe Trek Factory Racing, um Start.

Gefuer ginn Coursen : Debutants/Dames, Juniors um 14h00  an Espoirs/Elites um 15h00.

Den Départ ass bei der Fabrik, rue du Pont am Préizerdaul

Brochure Cyclocross 2013 Download  – 4 MB.

Download

Jeunes am Asaatz zu Woltz an Saint-Léger

Erfellegsreischen Weekend fir déi jonk Tooltimer.

Den 28-29 September wor een ganz gudden Weekend fir eis jonk Cyclisten. Samstes huet den Club Velowolz op eng flott Course invitéiert.

Hei sinn an den Kategorien vun Bambi1 bis Cadet Coursen mat dem MTB ausgedroen ginn. Op engem selektiven Circuit huet een séier gemierkt dat eis Coureuren sech hei ganz wuel gespiirt hunn. Esou dass dëst sech dann och an den Resultater gespigelt huet. Net een Podium ouni eis Faarwen.

Bambi2:  1.Platz Zoller Pol  / 2. Platz  Zoller Pit  / 4. Platz   Nicolas Seyler   / 5. Platz  Meylender Rick

Bambi 3: 1. Platz  Fynn Ury

Benjamin 1:  5. Platz.  Caroline Reuter ( 1. Meedchen)

Benjamin2.  3. Platz Noé Ury   4. Platz  Marie Schreiber  (1. Meedchen)

Sonndes wor dunn eng Course zu Saint-Léger wou et genau esou weider gaangen ass. An den Kategorien Minimes 1 an och Minimes 2 sinn eis Faarwen ganz gutt vertrueden ginn. Den Phillipe Reuter ass eng super Course gefuer bei den Minimes 2 an et huet sech am Schlusssprint mussen entscheeden. Et ass dann op e puer cm net duer gaangen, esou dass den Philippe op déi super 2 Platz komm ass. Hannendrun huet den Noé Ury an och Marie Schreiber awer ëmmer Drock gemaach, esou dass et dem Noé gelongen ass am 3 leschten Tour bei den Führungs Tri bei ze fueren. Dëst huet awer esou vill Kären kascht dass et dunn an der entscheedender Phase net méi duer gaangen ass fir dobäi ze bleiwen, esou dass den Noé op eng 4. Platz komm ass an Marie als 1 Meedchen op eng super 6 Platz.

Bei den Minimes 1 ass et och direkt schnell lass gangen esou dass den Fynn Ury schnell een Lach op seng Konkurenten hat. Iwwert dauer vun der Course huet hin et dann och faerdeg bruecht dess Avance emmer méi auszebauen esou dass hien solo op éi 1 Platz konnt fueren. An desser Course wor och Caroline Reuter mat um Départ. Caroline ass och héi ganz souverän op déi 1 Platz bei den Meedecher gefuer

Eng Rei Photo’en sin geschwenn am Photosalbum ze fannen

1 6 7 8 9 10 12