Cyclocross Préizerdaul – Feedback

De Bilan vum Cyclocross ass ganz positiv. Op sportlichen Plang konnte mir dem Publikum flott Coursen weisen wou et e klengen Duel bei der Elite zwischen dem Vincent Dias Dos Santos an dem Luc Turchi ging ass, wo aber de Luc um Enn den 2. Gewënner bliwwen ass. Op de weidere Platzen waren den Lex Reichling (8.), den Alec Lang (10.), den Cristiano Batista (15.) deen durch en technischen Defekt zereck gefall ass, an den Joe Wirtz (22.) . Bei de Junioren huet sech de Gilles Roulling (3. Jun) an de Maurice Thill (9. Jun) gut geschloen. Bei den Debutanten huet de Felix Schreiber souverain gewonnen. Eng gut 4. Platz war fir den Philippe Leclerc.

Trotz der doubler Manifestatioun an der Fabrik (Marche Populär & Cyclocross), konnte mir eisen Cyclocross ouni Pannen durchzeien. Wahrscheinlich dodurch konnte mir eisen Emsatz dëst Joer steigeren a Punkto Verkaaf an Zuschauer.

E grosse Merci un all déi eis deen Daag gehollef hun, beim Catering, als Streckeposten, Buvette, asw, an och déi, all die Wochen virdrun un der Strëck geschafft hun. Merci och un déi puer déi de Meindeg frei geholl hun fir alles erem oofzerappen.

De Comité wënscht un all eis Memberen, Frënn e Sponsoren , schéi Feierdeeg

 

Cyclocross régional 2014 Préizerdaul

Cyclocross 2014 Préizerdaul

De Velosveräin Tooltime Préizerdaul organiséiert den Sonndeg 7. Dezember säin 9. régionalen Cyclo Cross.  Op enger atraktiver Strëck, sinn mir frou dem Public am Préizerdaul eng Course op regionalem an nationalem héichen Niveau ze präsentéieren.

Gefuer ginn Coursen : Juniors/Masters/Dames (14h00) Débutants (14h01) Debutants an Espoirs/Elites um 15h00.

Den Départ ass bei der Fabrik, rue du Pont am Préizerdaul

Brochure Cyclocross 2014 Download  – 6 MB.

Download

Wichteg : Well och eng Marche pédestre déi selwecht Zäit vum Syndicat d’Initialtive organiséiert get, sinn matt Parkproblemer ze rechnen !

–> Parking Coureurs <–

Äddi Rosch

Roger Wirtz

Roger Wirtz

An enger Zäit ewéi haut, sinn vill Saachen net méi selbstverständlech. Vill Mënschen vergiessen och no deenen aneren ze kucken déi ronderëm si liewen. Roger du wors net esou. Du bass mat dengem Jong dem Joé bei eis an den Club komm. Mir hunn dunn net just een Coureur bei kritt sondern och nach een gudden Frënd. Een Mënsch den sech fir näischt ze Schued wor an den ëmmer eng Hand mat ungepackt huet. Oft wors du den éischten do, an den leschten den gaangen ass. Elo bass du net méi do an hues een grousst Lach hannerlooss. Elo ass Zäit komm fir Äddi ze soen.
Roger, MERCI fir alles waats du fir éis gemach hues, mir waerten dech emmer an beschter Erennerung haalen.

Trösten ist eine Kunst des Herzens.
Sie bestehen oft nur darin, liebevoll zu schweigen und schweigendmitzuleiden
OTTO von Leixner

Criterium Européen des Jeunes

Mat enger Equipe war den VV Tooltime dës Joer um Criterium Internationale des Jeunes, eng Etappe Course vun 3 Deeg fir Débutanten, vertrueden.

Critérium Européen des jeunes 2014 - Equipe Tooltime 2014 Débutants

Critérium Européen des jeunes 2014 – Equipe Tooltime 2014 Débutants

3 Etappen waren ze fueren (Alzeng, Houschtert, Walferdange). D’Strecken waren vill méi schweier wéi nach d’Editioun vun 2013. Sou waren op der 2 Etappe 9X den Houschterter (!) an 9X de aalen Senningerbierg (!) ze fueren an op der Etappe vum Walfer waren 6 X d’Biergerkréiz (!) um Programm. Virwaat hunn d’Organisatoren de Critérium des Joer esou schwéier gemach?  Dofir war et och net einfach, net nömmen vir eis Coureuren, vir am Zéitlimit vun 5 Minuten ze bleiwen an esou am Classement Général ze sinn. Et ass awer dem Felix Schreiber gelongen daat färdeg ze brëngen. Op der eischter Etppe war hien am Peloton, op der 2.Etappe an engem leschtem guddem Gruppe, an op der 3. Etappe konnt hien seng Plaatz an engem 2. Group festegen an esou den 63 am Classement Général ginn vun am ganzen just 68 klasséieren (vun  180 Starter). De Gilles Roulling ass op der leschter Etappe besser an den Tratt komm an konnt sech och an engem 2. Groupe festsetzen a klasséieren . Op der 1.  an 2. Etappe ass et him, wéi och dem Sam Pryckaerts, Maurice Thill an Philippe Leclerc Loft ausgangen an konnten Pace net mathalen. Si sin net ënner der Zéitlimit bliwwen an sinn dun op halwer Distanz aus der Course geholl ginn, konnten awer op der nächster Etappe erem un de Start goen.

Info’en a Resultaer um op Site vum Criterium 

Fir eis Debütanten war des Course eng gudd a grouss Erfahrung.

 

Flèche du Sud – Feedback

Flèche du Sud 2014

Equipe VV Tooltime Préizerdaul à la Flèche du Sud 2014

Au nom du comité VV Tooltime Preizerdaul, je remercie les personnes, qui ont participé avec leur aide au succès de notre équipe elites/espoirs lors de la Flèche du Sud 2014. Je pense surtout à l’aide infatigable, du matin au soir que la famille Turchi, Toni, Claudine et leur deux filles ainsi que la mère de Alec,  fourni ces derniers jours. Sans leur aide il aurait été difficile d’aboutir à notre succès. La présence et l’aide spontanée de Tom, l’aide de Marco ainsi que de Guy, Marc, Albert, René nous a été précieuse.
Les six coureurs , Mike, Cristiano, David, Michel, Alec et Luc ont donné de leur mieux pour hausser le VV Tooltime Preizerdaul au premier rang des équipes non-continentales engagées dans la FdS. Sans l’arrêt de Michel le dernier jour pour cause de maladie, notre équipe aurait pu se classer 11ème des 20 équipes engagées. Dans ce cas le VV Tooltime se serait classé devant l’équipe continentale Leopard et devant l’équipe du Canada.
Les cinq coureurs qui ont terminé la course se sont classés:
Turchi Luc : 37ème à 6′ 15“
Batista Mendes Cristiano: 45ème à 9′ 38“
Diener Mike : 66ème à 16’39“
Lang Alec: 78ème à 22’47“
Claerbout David: 97ème à 1 H 06′ 35“

Sans le problèmes mécaniques de Mike lors du prologue (dérailleur arrière défectueux , de Cristiano lors de la première étape (crevaison de la roue avant dans le dernier tour) et surtout de Luc lors de l’étape reine à Bourscheid (pédalier desserré) les résultats qui sont excellents auraient encore été meilleurs.

La présence de Lex Reichling nous a manqué. Je m’imagine ce que le VV Tooltime aurait pu réaliser avec sa participation. J’espère que Lex sera de partie l’année prochaine.

Un grand Merci à tout le monde. Nous sommes fières de notre équipe.

Festival Tooltime 2014 – annulé

Festival-Tooltime-2014-annuleEis Stroossekurs vum 22 Juni muss leider annuléiert ginn.Mir hu vun der Police kee Préadmis krut, well si op deem Datum (Virowend vum Nationalfeierdaag)net genuch Leit hunn fir op de kritische Plaazen Secherheetsposten ze stellen an zweetens well mir hinnen net konnte garantéieren dass mir genuch Streckeposten hunn fir Streck korrekt ofzesecheren. Aus zäiitleche an organisatoresche Grënn war et eis och net méi meiglech fir eng Alternativstreck zesichen. Dofir huet de Comité schlussendlech décidéiert vir eis Course dëst Joer ze annuléieren.

Veuillez noter que le VV Tooltime Préizerdaul est dans l’obligation de vous informer de l’annulation des courses cyclistes programmées en date du 22. juiin 2014 pour raisons de problèmes techniques

1 4 5 6 7 8 12